Als éischt emol wënschen mir iech alles Guddes am néie Joer.
En néit Joer ass un an domat steet och hoffentlech an e puer Meint erem eng nei JEO/JOAWC un.
Falls Corona eis dat erlaabt, wäert se dëst Joer vum 14.-17.7.2022 a Finnland stattfannen. Als Teamleader géifen mir eis freeën och dëst Joer nees eng lëtzebuerger Jugendequipe dohinner ze begleeden.
Jiddereen deen ab 2004 gebuer ass an interesséiert ass, mat eis e flotte Weekend a Finnland ze verbréngen, kann sech gären bei eis mellen
Numm, Virnumm, Alter vum Kand Kontakt vum Kand a vun den Elteren/Verantwortlechen (Handysnummer) Wéi dir wëllt ureesen (Fliger oder Auto/Camper) Wou dir wéilt iwwernuechten (Hotel/Camping) Mellt iech w.e.g. bis spéitstens den 01.02.2020 bei eis un. Mir hoffen, dass mir dëst Joer nees eng flott Equipe zesummekréien.