Club Luxembourgeois pour Agility
  • Home
  • Kalender
  • Dokumente
  • Vorstand
  • Richter
  • Vereine
  • FAQ
  • Kontakt

Léif Elteren a virun allem léif Jonker,
 
Als éischt emol wënschen mir iech alles Guddes am néie Joer. 

En néit Joer ass un an domat steet och hoffentlech an e puer Meint erem eng nei JEO/JOAWC un.

Falls Corona eis dat erlaabt, wäert se dëst Joer vum 14.-17.7.2022 a Finnland stattfannen. Als Teamleader géifen mir eis freeën och dëst Joer nees eng lëtzebuerger Jugendequipe dohinner ze begleeden.


Jiddereen deen ab 2004 gebuer ass an interesséiert ass, mat eis e flotte Weekend a Finnland ze verbréngen, kann sech gären bei eis mellen

jeoteamluxembourg@gmail.com

an eis folgend Informatiounen matdeelen:


Numm, Virnumm,
Alter vum Kand

Kontakt vum Kand a vun den Elteren/Verantwortlechen (Handysnummer)
Wéi dir wëllt ureesen (Fliger oder Auto/Camper)
Wou dir wéilt iwwernuechten (Hotel/Camping)
Mellt iech w.e.g. bis spéitstens den 01.02.2020 bei eis un.
Mir hoffen, dass mir dëst Joer nees eng flott Equipe zesummekréien.
 
Bei weider Froen, zéckt net eis ze schréiwen ;-)

Léif Gréiss a bis geschwënn,

Teamleader jeoteam-luxembourg

Bild
Powered by Create your own unique website with customizable templates.
  • Home
  • Kalender
  • Dokumente
  • Vorstand
  • Richter
  • Vereine
  • FAQ
  • Kontakt